"§"
education.lu - LO
Lëtzebuerger Orthografie
(E?)(L?) https://portal.education.lu/zls/ORTHOGRAFIE
Hei kënnt Dir Iech déi offiziell Lëtzebuerger Orthografie als PDF-Datei eroflueden.
Nieft dem Haapttext vun der Orthografie huet den ZLS och nach zwee Hëllefsdokumenter fir Iech: eng Kéier e preziist Iwwersiichtsdokument, wou all aktualiséiert Reegel genee erkläert gëtt, an eng kompakt Versioun vum Iwwersiichtsdokument, wou der déi wichtegst Ännerungen op zwou Säite kënnt noliesen.
D’Lëtzebuerger Orthografie reegelt offiziell d’Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch fir d’Beräicher, fir déi de Lëtzebuerger Staat zoustänneg ass (Administratiounen, Schoulen). Doduerch dréit se zum Vereenheetleche vun der Schreifweis bäi an hëlleft all deenen, déi sech un der offizieller Orthografie wëllen orientéieren. Déi heite Reegele leeën d’Schreifweis vun alen an neie Wierder fest a klären och d’Integratioun vu Wierder aus anere Sproochen. Natierlech ass et méiglech, eng friem Originalschreifweis bäizebehalen an e Wuert als Zitatwuert ze benotzen. D’Schreifweise vun Nimm kënne vun den offizielle Reegelen ofwäichen.
- 1. D’Vokaler a, i, o an u
- 1.1. D'Quantitéitsreegel
- 1.2 Déi laang geschwate Vokaler a, i, o an u
- 1.3 Déi kuerz geschwate Vokaler a, i, o an u
- 1.4 Zesummefaassung vun de Basisreegele fir d’Vokaler a, i, o an u
- 1.5 Zesummegesate Wierder
- 1.6 Aner Wuertbildungen
- 2. De Vokal e
- 2.0 Aleedung
- 2.1 De laangen e: ee
- 2.2 De kuerzen e
- 2.3 Den net geschwaten e an den Apostroph
- 2.4 Zesummefaassung vun de Basisreegele fir de Vokal e
- 3. D’Diphthongen
- 3.1 D’Diphthongen am Lëtzebuergeschen
- 3.2 D’r-Reegel: u, i, o an ä virum r
- 4. D’Konsonanten
- 4.1 Eenzel oder duebel geschriwwene Konsonant
- 4.2 De Laut um Enn vum Wuert
- 4.3 Verschidde Konsonante mat spezielle Reegelen
- 4.4 E Verbindungs-s, -en oder -n
- 4.5 Den t um Enn vu Prepositiounen
- 5. D’Verben
- 5.1 De Stammprinzip
- 5.2 D’Quantitéitsreegel vun de Vokaler
- 5.3 De Konsonant um Enn vum Verb
- 6. D’n-Reegel
- 6.1 Allgemeng Reegel
- 6.2 Fakultativen n
- 6.3 Den n bei Nimm vu Persounen oder Marken
- 6.4 Den n bei geografeschen Nimm
- 7. D’Friemwierder
- 7.1 Allgemeng Reegelen
- 7.2 Franséisch Wierder
- 7.3 Englesch Wierder
- 7.4 Griichesch a laténgesch Wierder
- 7.5 Zesummegesate Friemwierder aus verschiddene Sproochen
- 8. D’Grouss- a Klengschreiwung
- Substantiven, Nimm an de Sazufank gi groussgeschriwwen.
- 8.1 Substantiven a Substantivéierungen
- 8.2 Fest Verbindunge mat Substantiven
- 8.3 D’Dageszäiten an d’Wochendeeg
- 8.4 Eenzel Buschtawen a Buschtawegruppen
- 8.5 Ofkierzungen
- 8.6 D’Zuelen an d’Zueladjektiven
- 8.7 D’Nimm an d’Titelen
- 9. D’Getrennt- an Zesummeschreiwung
- 9.1 D’Substantiven
- 9.2 De Brochdeel vun enger Mooss
- 9.3 D’Adjektiven
- 9.4 D’Verben
- 9.5 Adverben, Konjunktiounen, Prepositiounen a Pronomen
- 9.6 Verbindunge mat Zuelen, Ofkierzungen, eenzele Buschtawen, Opzielungen
- 10. D’Interpunktioun
- 10.1 Iwwerbléck
- 10.2 Markéierung vum Enn vum Saz
- 10.3 Markéierung vu Sazdeeler
- 10.4 D’Zeeche fir d’direkt Ried
- 10.5 Weider Zeechen
- 11. D'Buschtawen an d'Lauter
- Dës Iwwersiicht orientéiert sech un de Prinzipie vun der Internationaler Phoneetescher Associatioun (IPA) an ass fir d'Lëtzebuergescht ausgeschafft gi vun:
- Gilles, Peter & Trouvain, Jürgen (2013): [Illustrations of the IPA] Luxembourgish. Journal of the International Phonetic Association 43: 67-74.
- Méi Informatioune fënnt een och um Fuerschungsportal infolux vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Universitéit Lëtzebuerg:
- https://infolux.uni.lu/phonetik/lautstruktur-des-luxemburgischen/
- 11. Wéi eng Buschtawe sti fir wéi eng Lauter?
- 12. Iwwerbléck vun de Konsonanten am Lëtzebuergeschen
- 12.0 Iwwerbléck
- 12.1 Obstruenten
- 12.2 Sonoranten
- 13. Iwwerbléck vun de Vokaler am Lëtzebuergeschen
- 13.1 Monophthongen
- 13.2 Diphthongen
(E?)(L?) https://portal.education.lu/Portals/79/Documents/WEB_LetzOrtho_4Oplo_v01.pdf?ver=2021-01-13-085421-963
D'Lëtzebuerger Orthografie als PDF
Erstellt: 2022-01